Dëser Deeg sinn d‘Solden. Ech war direkt dobäi an hu schon deck iwwer 100 Prozent gespuert. Ech fannen d’Stad shoppingtechnesch attraktiv. Awer net just well ech esou vill an de Solden gespuert hun, mee och well mir hei an der Stad eng Parti flott Geschäfter hun an déi ech nawell gär akafen ginn. Ech kenne d’Personal, si kenne mech, zumindest meng vestimentaire Preferenzen, Schonggréisst, kulinaresch Gewunnechten, Lecture a soss Schrullegkeeten.
Mee anscheinend deelt net jiddereen meng Meenung. Et gëtt geklot, dass der Stad hir Attraktivitéit an de leschten Joeren ofgeholl hätt. Dat ass thematiséiert ginn, wéi ee Libraire aus der Beaumontsgaass, deem sénger Bicher bei mir am Regal stinn, annoncéiert hat, säi Bicherbuttek zou ze maachen, aus verschiddenen Grënn. Et wir ganz schwiereg als Geschäftsmann/fra e.a. wéinst dësem Mangel un Attraktivitéit vun der Stad awer och wéinst den héijen Loyerspräisser, dem Online-Handel. Och droen déi grouss Chaînen hiren Deel zum Misère bäi well hir Mammekonzerner vill méi finanzkräfteg sinn an all kommerziellen Tempo matgoen kënnen incl. dee vun de Loyerspräisser, de Logicielen fir d’Online-Handel Plattformen….
Wat mat Mangel un Attraktivitéit gemengt ass wees ech net: d’Stad ass propper, d’Gebeier, zumindest op Rez-de-Chaussée Héicht, gutt ënnerhalen, iwwerdeems fir Deko vun de Geschäfter entweder déi international Chaînen hir Zentralen zoustänneg sinn oder den eenzelen Geschäftsmann. Mee Deko gehéiert zum Kärgeschäft. Wann ee wëll verkafen, muss ee prett sinn ze verkafen. Méiglecherweis ass bei Mangel un Attraktivitéit déi gefillten schwireg Accessibilitéit gemengt. Also mam Auto versteet sech, well mam Velo oder zu Fouss ass et ganz easy. Dat gëllt och fir de Bus. De Fränz B. kritt d’CFL och lues a lues an de Grëff, iwwerdeems den Tram aner Méiglechkeeten bidde wert, net just fir bis bei d’Geschäfter am Zentrum an am Garer Quartier, mee och fir d’Implantatioun vu Geschäfter.
Evidemment geet et och ëm d’Parkplazen. Iwwer 10.000 sinn der an a rondrëm d’Stad. An enger rezenter Etude vum Stater Geschäftsverband (UCVL) heescht et, dass d’Meenungen doriwwer gedeelt sinn: fir déi eng Halschent vun de gefrotenen Leit, sinn et net genug Parkplazen, fir déi aner ginn se duer. Ech wënsche mir effektiv och nach e puer méi iwwerdeckten Veloparkplazen.
Des Etude weist och, dass déi grouss Chaînen 2016 méi Geschäftsflächen anhuelen wéi 2010: 11 % manner Geschäfter awer 13 % méi Fläch. Den Ëmsaz vun alle Geschäfter ass an deenen 6 Joër vun 365 Milliounen op 534 Milliounen eropgaang. D’Zuel vun den Awunner an déi vun de Leit déi an der Stad schaffen, also vun de potentielen Klienten, ass och erop gaang.
Déi potentiel Klienten hun eng grouss Offer: vun gënschteg iwwer mëttelgënschteg bis mëtteldeier an deier. Woubäi ech ausdrécklech betounen wëll, dass een ëmmer nëmmen fir séng Suen kritt an dass bëlleg och bëlleg ass, och a punkto Produktiounskäschten, inkl. Material an Aarbechtskraaft. An och dass de Präiss verschidden Valeuren a Gréissten, notamment de Verbrauch vun natiirlechen Ressourcen, net mat abegräift, wat awer net korrekt ass. Iwwriens Gäiz ass net gäil awer verständlech wann d’Akommes limitéiert ass. Mee dat ass eng aner Schrauw un der muss gedréint ginn.
D’Loyerschrauw ass eng aner Gréisst a fir eppes onattraktives wëll keen Suen ausginn. Iergendwéi muss d’Stad jo dann awer attraktiv sinn, soss géngen d’Loyeren jo net esou klammen. De Marché vun Geschäftsflächen ass awer och ee Geschäft, mat haarden Bandagen. Et ass awer net gutt, wann inaccessibel Loyerën Kreativitéit an Dynamik ausbremsen. Och de fräie Maart brauch an deem Sënn Leitplanken.
Wéi mir vun de Stater gréng virun e puer Joer zu Kopenhagen op Bildungsrees waren, huet ee politesch Responsabelen vun der Stad Kopenhagen ons verzielt, dass deemols, wéi de Projet fir de Stadzentrum autofräi ze kréien initiéiert gouf, d’Geschäftsleit sech gewiirt hun, wéinst hirer Angscht, dass manner akaft gëtt wéinst dem Transport: logescherdéngs well eng Malle vun engem Auto ass méi grouss wéi eng Velosposch. Si hun am Laf vun der Zäit awer eraus fonnt, grad wéi Joren dono zu Stroossbuerg, dass de Géigendeel de Fall ass a méi kaf gëtt.
Strasbourg 2015: Guillaume Rischard, Mathias Schmit, François Benoy, Claudie Reyland, Florent Toniello
Well een deen eemol an der Woch akafen oder shoppen geet (ech wees, dat ass net datselwecht), ass préparéiert, huet eng Lëscht wat hien brauch, wivill Volume transportéiert gi kann (Gréisst vun der Malle) a gepackt gëtt a wivill op eng Kéier bezuelt muss ginn (vill). Net ze schwetzen vum Stress an dem Genervs beim Parkplaz sichen um éischten Treppléck, an der Kees, beim an d’Wunneg droen, beim Tesselen, well se jo all eguerten dann akafe ginn (Samsdes). Dat sinn Facteuren déi de Kafäifer inhibéieren.
All Dag e Bëssen dogéint ass méi gemittlech, deet net esou wéi am Portemonnaie, ass gutt fir d’Laun, déi gutt ass fir de Plëséier an déi diesbezüglech Virfreed inklusiv Virkeeshormonpick. Méi dax heescht och méi frësch, esouwuel fir d’Veggievoren wéi d’Carnivoren. An a Rucksäck a soss Behältnisser fir Velo oder zu Fouss, kritt een och Etleches dran.
Deemno ass et wichteg, dass eng agréabel Atmosphere (wisou denken ech elo och un Air Deluxe?) an den Akafsstrossen ass. Tëschend Ofgasen hetzen ass net flott, genau wéi de Slalom tëschend den Autoën an de Courrierën um Velo, déi Liwwerungen vun Internet-Handel op Destinatioun bréngen. Do ass gemittlech schlenderen an enger adretter verkéiersberouegter Zone dach vill méi flott. Net nëmmen an de Solden.