Kategorien
gutt liewen Partizipatioun zesummenhalt zukunft

Iwwer Vakanz, Méihmaschinnen, Fliger an exotescht Uebst.

E Sonndeg de Moien hun ech wéi all Dag um 6H00 méng Kaffismaschin ugehäit an een Orangejus gepresst. Während deems hun ech de Fliger nogekuckt, déi vum Findel fort geflu sinn. Tjo. Zënter enger Woch ass Summervakanz. Net fir jiddereen awer fir nawell ganz vill Leit. Dat hun ech um Wee fir op d’Aarbecht gemierkt. Et ass eidel um Wee. Vill Leit si fort, an d’Vakanz, nawell gär mam Fliger.

Zum Thema Fliger, besser gesot, hirem Kaméidi, haten Enn Juni déi gréng aus der Stad an aus dem Bezierk Zentrum op eng Versammelung nom Motto „Fir eng besser Nuetsrou um Findel“ op den Cents invitéiert. De Sall war gutt gefëllt. Ech fannen esou Owender flott: et kritt een Informatiounen aus éischter Hand an et kann ee matschwetzen a Froen stellen. Dovunn hu vill Leit profitéiert.

Mat enger Parti pertinenten Zuelen, Statistiken a Grafiken huet den zoustännege Minister François Bausch d’Entwécklung vun de Flugbewegunge gewisen. Et goufe Scénarien opgestallt iwwer déi méiglech Entwécklung vum Lofttraffik.  Hien huet explizéiert wat an de läschte Joren décidéiert gouf. fir vum laissez-faire bis dohin, lues awer a sécher a Richtung serieux Kontrollen ze kommen. An awer och wat nach alles geplangt a néideg ass.

De Flugverkéier soll manner Kaméidi maachen a manner Ofgase produzéieren. Eng Parti Saachen si schon ugeleiert, anerer emminent. Dat geet vun der Optimisatioun vun der Descenten fir manner Kaméidi iwwer eng Revisioun vun de Standardflugprozeduren (fir manner Retarden i.e. Landungen no 23H00).

Et muss sech an der EU agesat ginn fir eng Taxe um Keroséng. Mat deene Suen soll dann d’Recherche fir eng Dekarboniséierung vum Flugverkéier ënnerstëtzt ginn. Och sollen déi nei Taxen, déi besonnesch den Nuetsverkéier (vun de Fliger) sanctionnéieren, esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

De Jean-Paul Roeder, gréngen 1. Schäffen vu Sandweiler bemierkt, dass si elo d’Leit an hirer Gemeng esou wäit kruten, dass si Sonndes Moies net méi d’Wiss mat der Maschin méihen. Den Effet dovun gëtt awer relativiséiert duerch d’Motortester no der Révisioun virum Hangar, nawell dax Sonndes Moies. Dat ass net zilführend. Duerch eng aner technesch Organisatioun sollt et méiglech ginn dee Kaméidi erof ze setzen, méngt de François Bausch.

Virun allem awer: Eppes Wesentleches huet net de François Bausch gesot, mee d’Vertrieder vun den Interessisveräiner vum Cents a Polfermillen/Hamm ouni, dass si awer hir Kritiken vergiess hätten: mat dësem Minister sinn  d’Diren vun der black box op gaang. Elo sinn d’Informatiounen zougänglech (zB iwwer ana.public.lu)an et gëtt matenee geschwat. An deem Sënn soll och zesummen mat de betraffene Leit an de Flugcompagniën eng verbindlech Charta fir de Kaméidi erof ze setzen, ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Mateneen Ziler erreechen. Solidaresch, a gläichem Mooss matgestalten. Mat Zesummenhalt geléngt gutt Liewen. Well mir eist Land, Ëmwelt, Vakanz, exotëscht Uebst an Nuetsrou gären hun.

Présentatioun vum 25 Juni 2018 : hei

Ech hat ee schéinen Summerweekend heiheem um 25. BD Festival zu Contern, an der Péitruss beim LXB Cup am Skateboard an mat der Luma op der Place d’Armes.