De 6. Juli huet d’EU Parlament décidéiert, dass ënner gewëssen Bedingungen Atomenergie a Gas als erneierbar Energien zielen. Méindes, den 11. Juli war ech als President vun Eurossolar Lëtzebuerg asbl, Invité vum Maurice Molitor um 100komma7 fir doriwwer ze schwetzen. Zënter méi wéi 20 Joer ass Eurosolar Lëtzebuerg asbl Verfechter vun der Energiewend, Befürworter vun den erneierbaren Energien, also déi klima- und ëmweltschiedlich Energien vu bis elo z’ersetzen duerch Fotovoltaik, Wandenergie a Biomass.

Et ass ganz kloer: weder Nuklearenergie, nach Gas gehéieren awer och nëmmen usazweis an eng Taxonomie fir erneierbar Energiën.
Et ass richteg, et wert méi Stroum gebraucht ginn, well eben vill Saachen op elektresch ëmgestallt ginn, zum Beispill an der Mobilitéit (Autoen, Busser, Camioën,…) an de Wärmepompelen an och wéinst den Ëmstellungen an am Handwierk an och an der klenger oder grousser industrieller Produktioun.
Es stëmmt och, dass de Greenwashing, also d’Striewen vu Firmaën an Investmentfongen, sech méi klima- an ëmweltfrëndlech ze presentéieren, wéi si et wirklech sinn, ënnerbonne gi muss. Gréng Finanzprodukter sollen zouverlässeg gréng sinn. Entspriechend geet et am sougenannten Taxonomie-Gesetz, engem Klassifizierungssystem, dorëms, festzeleeën, wéi eng wirtschaftlech Aktivitaéiten klima- an ëmweltfrëndlich sinn.
Méiglecherweis ginn och nach eng zäitlaang Atom- an/oder Gaskraftwierker gebraucht (d’ Profiteuren vun de fossilen Energien und der Atomenergie hu jo mat Succès den Ausbau vun den erneierbaren Energien verhënnert, oder opmannst ausgebremst a si maachen domat weider. Dat weist de Vote am EU-Parlament; do fällt op, dass et dat selwecht Land ass, dat sech fir d’Atomenergie am Taxonomie-Gesetz staark gemaach huett, dat de Bau vun der wichtiger Waasserstoffleitung vu Spuenien aus, bis an ons Géigend, bremst) dat ass awer och kee Grond, fir hinnen ee grénge Label ze ginn.
Si si weder ökologesch nach nohalteg. Och ënner gewëssen Bedingungen net. Well och wann et de modernsten Standarden entsprécht produzéiert een Atomkraaftwierk fir 3 Generatiounen Stroum awer fir op mannst 3.000 Generatiounen Folgekäschten, wéinst Atommilerruinen an de radioaktiven Offäll. Dobäi rechnen muss ee jo och nach déi bekannten Schwiregkeeten beim lafenden Betrib an dem Entretien vun de Reakteren, Stéchwuert Korrosioun vun de Killsystemer. A Gaskraaftwierker entsteet weiderhinn CO2, wann och manner wéi a Kuelkraftwierker, déi se jo ersetze mussen, fir als gréng ze gëllen.
Duerch dat Taxonomie-Gesetz ginn d’Suen déi fir d’Energietransitioun zur Verfügung stinn, elo anescht verdeelt.
D’Kategorien déi virgesi sinn an och d’Transparenzregelungen fir Finanzproduiten sollen éierlech iwwer de richtege gréngen Inhalt vun dese Finanzprodukten informéieren. Et gëtt interessant ze gesinn, wéi d’Finanzwelt réagéiert. Am “Land” vum 15.07.2022 beschreiwt de Bernard Thomas a sengem Artikel “Vert plutonium”, d’Haltung vun der Finanzinstitutiounen. Si doen sech schwéier. Duerch d’Taxonomie-Gesetz gëtt et deemno erméiglecht, dass Atom- a Gasfirmen matfinanzéiert ginn, duerch Hëllefsprogrammer respektiv duerch méi niddereg Zënsen bei den Emprunten.
Et ass ze hoffen, dass keen op des Manoeuvren erafällt.
De massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien, also Sonn, Wand a Biomass, well dat sinn déi déi et an onse Géigenden gëtt, an de séieren Opbau vun engem europäischen grénge Waasserstoffréeau si néideg.
Ausserdeem verdengen Energiespueren an ee Changement vun onser Mentalitéit, op grouss (Konzern) oder kleng (Jiddereen eenzeln), eng Plaz an der Taxonomie.


D’Gespréich um 100komma7 hei