Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien zesummenhalt zukunft

Verzichten oder profitéieren, … dat ass d’Fro

De President vun de Propriétairen hei am Land, mengt an engem Interview um 100komma7 (hei) et soll een als Propriétaire virleefeg net op de Loyer verzichten. Aus Däitschland gëtt gemellt, dass eng ganz Rei Konzerner keng oder manner Loyer bezuele wëllen.

Ech hat geduecht, dass an dëser aussergewéinlecher Situatioun, mir ons all sollen e bëssen zréck huele, mir si jo an enger situation de crise an dass mir am beschten hunn, zesummen ze halen. Dat kéint dann heeschen, dass déi Staark déi Schwaach ënnerstëtzen : deen deen eppes méi huet, verzicht, temporaire oder ganz oder deelweis, op eppes. Deen anerer kritt doduerch e bësse Sputt an d’Chance déi schwireg Zäit, de momentane Manktum, z’iwwerbrecken. All d’Moossname vun der Regierung sinn dorop ausgeriicht. Well et ass just iwwergangsweis.

A Krisesituatiounen kënnt och jidderengem säi richteg Charakter eraus. Déi meescht sinn jo wueltemperéiert, mat e bësse der enger Eegeschaften, e bëssen der aner. Alles ausbalancéiert. Alles gutt. Trotzdeem ginn déi eng nervös an hektesch, anerer zéie sech zréck, anerer gi generéis an hëllefsbereed, anerer gi gurmangsesch, anerer ginn iwwerluecht vir. Et kann een zB. iwwerleeë wéi een am beschten hëlleft.

Anerer iwwerleeë par konter, wéi si vun dëser Krisesituatioun profitéiere kënne.

Wéi dat geet exercéiert de Propriospresident an och divers Konzerner. D’Gurmangsechkeet dans toute sa splendeur. De Propriospriosaffekot réit sénge Leit weider z’encaisséieren. Dat généréiert par ricochet d’Persepktiv fir als hire juristesche Beroder ze figuréieren, méiglecherweis och fir dann, wann e Locataire net bezillt, dem Propriétaire séng Rechter hëllefen anzekloen a fir, évidemment, och fir een zünftege Mietvertrag opzesetzen mat engem neie Locataire, nodeems hie gehollef huet, deen dee während dem Engpass net bezuelt hat, eraus ze puchen. Et ass jo alles juristesch rechtens. Dat ass da fir hien win-win-win. Fir hien a fir déi déi hie bezuelen. Wat mech un dat Lidd erënnert « wessen Crémant ich trink, dessen Lied ich sing ».

Et schéngt awer och, esou steet am Lëtzebuerger Land vun dëser Woch (hei) verschidde Propriétairen ze ginn (iwwriens: Propriétairen sinn och mat an der Kris, musse sech Gedanke maachen, hun investéiert a si sollen och net zum beschte gehale ginn), déi méi sozialkompetent si, wéi deen dee si représentéiert : Désinfectant a Plaz Vodka. Well déi hu verstanen wourop et ukënnt elo.

Si distinguéire sech op des Manéier och zB vun GM, deen Autoskonzern, dee virun nach net all ze laang mat Steierdollaren gerett ginn ass an elo kalbliddeg eng Milliard Dollar verlaangt hat, fir Beotmungsgeräter ze produzéieren an dëser Noutsituatioun. Haaptsaach de shareholder geet et gutt. Deen vun GM oder deene vun Adidas.

Verschidde Propriétaire maachen och dat wat si kënnen : kreativ no Léisunge sichen a fannen. Och dat distinguéiert si positiv vun deene à la Donald, Jair, Boris, déi mengen et fir eng Saach vu just e puer Wochen („eng ‚Durststrecke‘ do ass, vu 14 Deeg„) oder fake news.

Alles gëtt gutt.

Kategorien
gutt liewen Partizipatioun zesummenhalt zukunft

Iwwer Vakanz, Méihmaschinnen, Fliger an exotescht Uebst.

E Sonndeg de Moien hun ech wéi all Dag um 6H00 méng Kaffismaschin ugehäit an een Orangejus gepresst. Während deems hun ech de Fliger nogekuckt, déi vum Findel fort geflu sinn. Tjo. Zënter enger Woch ass Summervakanz. Net fir jiddereen awer fir nawell ganz vill Leit. Dat hun ech um Wee fir op d’Aarbecht gemierkt. Et ass eidel um Wee. Vill Leit si fort, an d’Vakanz, nawell gär mam Fliger.

Zum Thema Fliger, besser gesot, hirem Kaméidi, haten Enn Juni déi gréng aus der Stad an aus dem Bezierk Zentrum op eng Versammelung nom Motto „Fir eng besser Nuetsrou um Findel“ op den Cents invitéiert. De Sall war gutt gefëllt. Ech fannen esou Owender flott: et kritt een Informatiounen aus éischter Hand an et kann ee matschwetzen a Froen stellen. Dovunn hu vill Leit profitéiert.

Mat enger Parti pertinenten Zuelen, Statistiken a Grafiken huet den zoustännege Minister François Bausch d’Entwécklung vun de Flugbewegunge gewisen. Et goufe Scénarien opgestallt iwwer déi méiglech Entwécklung vum Lofttraffik.  Hien huet explizéiert wat an de läschte Joren décidéiert gouf. fir vum laissez-faire bis dohin, lues awer a sécher a Richtung serieux Kontrollen ze kommen. An awer och wat nach alles geplangt a néideg ass.

De Flugverkéier soll manner Kaméidi maachen a manner Ofgase produzéieren. Eng Parti Saachen si schon ugeleiert, anerer emminent. Dat geet vun der Optimisatioun vun der Descenten fir manner Kaméidi iwwer eng Revisioun vun de Standardflugprozeduren (fir manner Retarden i.e. Landungen no 23H00).

Et muss sech an der EU agesat ginn fir eng Taxe um Keroséng. Mat deene Suen soll dann d’Recherche fir eng Dekarboniséierung vum Flugverkéier ënnerstëtzt ginn. Och sollen déi nei Taxen, déi besonnesch den Nuetsverkéier (vun de Fliger) sanctionnéieren, esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

De Jean-Paul Roeder, gréngen 1. Schäffen vu Sandweiler bemierkt, dass si elo d’Leit an hirer Gemeng esou wäit kruten, dass si Sonndes Moies net méi d’Wiss mat der Maschin méihen. Den Effet dovun gëtt awer relativiséiert duerch d’Motortester no der Révisioun virum Hangar, nawell dax Sonndes Moies. Dat ass net zilführend. Duerch eng aner technesch Organisatioun sollt et méiglech ginn dee Kaméidi erof ze setzen, méngt de François Bausch.

Virun allem awer: Eppes Wesentleches huet net de François Bausch gesot, mee d’Vertrieder vun den Interessisveräiner vum Cents a Polfermillen/Hamm ouni, dass si awer hir Kritiken vergiess hätten: mat dësem Minister sinn  d’Diren vun der black box op gaang. Elo sinn d’Informatiounen zougänglech (zB iwwer ana.public.lu)an et gëtt matenee geschwat. An deem Sënn soll och zesummen mat de betraffene Leit an de Flugcompagniën eng verbindlech Charta fir de Kaméidi erof ze setzen, ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Mateneen Ziler erreechen. Solidaresch, a gläichem Mooss matgestalten. Mat Zesummenhalt geléngt gutt Liewen. Well mir eist Land, Ëmwelt, Vakanz, exotëscht Uebst an Nuetsrou gären hun.

Présentatioun vum 25 Juni 2018 : hei

Ech hat ee schéinen Summerweekend heiheem um 25. BD Festival zu Contern, an der Péitruss beim LXB Cup am Skateboard an mat der Luma op der Place d’Armes.