Kategorien
Energie Eurosolar

Atomkraaft a Gas si keng erneierbar Energien

De 6. Juli huet d’EU Parlament décidéiert, dass ënner gewëssen Bedingungen Atomenergie a Gas als erneierbar Energien zielen. Méindes, den 11. Juli war ech als President vun Eurossolar Lëtzebuerg asbl, Invité vum Maurice Molitor um 100komma7 fir doriwwer ze schwetzen. Zënter méi wéi 20 Joer ass Eurosolar Lëtzebuerg asbl Verfechter vun der Energiewend, Befürworter vun den erneierbaren Energien, also déi klima- und ëmweltschiedlich Energien vu bis elo z’ersetzen duerch Fotovoltaik, Wandenergie a Biomass.

Maurice Molitor (rechts) an ech (Foto: 100komma7)

Et ass ganz kloer: weder Nuklearenergie, nach Gas gehéieren awer och nëmmen usazweis an eng Taxonomie fir erneierbar Energiën.

Et ass richteg, et wert méi Stroum gebraucht ginn, well eben vill Saachen op elektresch ëmgestallt ginn, zum Beispill an der Mobilitéit (Autoen, Busser, Camioën,…) an de Wärmepompelen an och wéinst den Ëmstellungen an am Handwierk an och an der klenger oder grousser industrieller Produktioun.

Es stëmmt och, dass de Greenwashing, also d’Striewen vu Firmaën an Investmentfongen, sech méi klima- an ëmweltfrëndlech ze presentéieren, wéi si et wirklech sinn, ënnerbonne gi muss. Gréng Finanzprodukter sollen zouverlässeg gréng sinn. Entspriechend geet et am sougenannten Taxonomie-Gesetz, engem Klassifizierungssystem, dorëms, festzeleeën, wéi eng wirtschaftlech Aktivitaéiten klima- an ëmweltfrëndlich sinn.

Méiglecherweis ginn och nach eng zäitlaang Atom- an/oder Gaskraftwierker gebraucht (d’ Profiteuren vun de fossilen Energien und der Atomenergie hu jo mat Succès den Ausbau vun den erneierbaren Energien verhënnert, oder opmannst ausgebremst a si maachen domat weider. Dat weist de Vote am EU-Parlament; do fällt op, dass et dat selwecht Land ass, dat sech fir d’Atomenergie am Taxonomie-Gesetz staark gemaach huett, dat de Bau vun der wichtiger Waasserstoffleitung vu Spuenien aus, bis an ons Géigend, bremst) dat ass awer och  kee Grond, fir hinnen ee grénge Label ze ginn.

Si si weder ökologesch nach nohalteg. Och ënner gewëssen Bedingungen net. Well och wann et de modernsten Standarden entsprécht produzéiert een Atomkraaftwierk fir 3 Generatiounen Stroum awer fir op mannst 3.000 Generatiounen Folgekäschten, wéinst  Atommilerruinen an de radioaktiven Offäll. Dobäi rechnen muss ee jo och nach déi bekannten Schwiregkeeten beim lafenden Betrib an dem Entretien vun de Reakteren, Stéchwuert Korrosioun vun de Killsystemer. A Gaskraaftwierker entsteet weiderhinn CO2, wann och manner wéi a Kuelkraftwierker, déi se jo ersetze mussen, fir als gréng ze gëllen.  

Duerch dat Taxonomie-Gesetz ginn d’Suen déi fir d’Energietransitioun zur Verfügung stinn, elo anescht verdeelt.

D’Kategorien déi virgesi sinn an och d’Transparenzregelungen fir Finanzproduiten sollen éierlech iwwer de richtege gréngen Inhalt vun dese Finanzprodukten informéieren. Et gëtt interessant ze gesinn, wéi d’Finanzwelt réagéiert. Am “Land” vum 15.07.2022  beschreiwt de Bernard Thomas  a sengem Artikel “Vert plutonium”, d’Haltung vun der Finanzinstitutiounen. Si doen sech schwéier. Duerch  d’Taxonomie-Gesetz gëtt et deemno erméiglecht, dass Atom- a Gasfirmen matfinanzéiert ginn, duerch Hëllefsprogrammer respektiv duerch méi niddereg Zënsen bei den Emprunten.

Et ass ze hoffen, dass keen op des Manoeuvren erafällt.

De massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien, also Sonn, Wand a Biomass, well dat sinn déi déi et an onse Géigenden gëtt, an de séieren Opbau vun engem europäischen grénge Waasserstoffréeau si néideg.

Ausserdeem verdengen Energiespueren an ee Changement vun onser Mentalitéit, op grouss (Konzern) oder kleng (Jiddereen eenzeln), eng Plaz an der Taxonomie.

D’Gespréich um 100komma7 hei

Kategorien
gutt liewen Partizipatioun zesummenhalt zukunft

Iwwer Vakanz, Méihmaschinnen, Fliger an exotescht Uebst.

E Sonndeg de Moien hun ech wéi all Dag um 6H00 méng Kaffismaschin ugehäit an een Orangejus gepresst. Während deems hun ech de Fliger nogekuckt, déi vum Findel fort geflu sinn. Tjo. Zënter enger Woch ass Summervakanz. Net fir jiddereen awer fir nawell ganz vill Leit. Dat hun ech um Wee fir op d’Aarbecht gemierkt. Et ass eidel um Wee. Vill Leit si fort, an d’Vakanz, nawell gär mam Fliger.

Zum Thema Fliger, besser gesot, hirem Kaméidi, haten Enn Juni déi gréng aus der Stad an aus dem Bezierk Zentrum op eng Versammelung nom Motto „Fir eng besser Nuetsrou um Findel“ op den Cents invitéiert. De Sall war gutt gefëllt. Ech fannen esou Owender flott: et kritt een Informatiounen aus éischter Hand an et kann ee matschwetzen a Froen stellen. Dovunn hu vill Leit profitéiert.

Mat enger Parti pertinenten Zuelen, Statistiken a Grafiken huet den zoustännege Minister François Bausch d’Entwécklung vun de Flugbewegunge gewisen. Et goufe Scénarien opgestallt iwwer déi méiglech Entwécklung vum Lofttraffik.  Hien huet explizéiert wat an de läschte Joren décidéiert gouf. fir vum laissez-faire bis dohin, lues awer a sécher a Richtung serieux Kontrollen ze kommen. An awer och wat nach alles geplangt a néideg ass.

De Flugverkéier soll manner Kaméidi maachen a manner Ofgase produzéieren. Eng Parti Saachen si schon ugeleiert, anerer emminent. Dat geet vun der Optimisatioun vun der Descenten fir manner Kaméidi iwwer eng Revisioun vun de Standardflugprozeduren (fir manner Retarden i.e. Landungen no 23H00).

Et muss sech an der EU agesat ginn fir eng Taxe um Keroséng. Mat deene Suen soll dann d’Recherche fir eng Dekarboniséierung vum Flugverkéier ënnerstëtzt ginn. Och sollen déi nei Taxen, déi besonnesch den Nuetsverkéier (vun de Fliger) sanctionnéieren, esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

De Jean-Paul Roeder, gréngen 1. Schäffen vu Sandweiler bemierkt, dass si elo d’Leit an hirer Gemeng esou wäit kruten, dass si Sonndes Moies net méi d’Wiss mat der Maschin méihen. Den Effet dovun gëtt awer relativiséiert duerch d’Motortester no der Révisioun virum Hangar, nawell dax Sonndes Moies. Dat ass net zilführend. Duerch eng aner technesch Organisatioun sollt et méiglech ginn dee Kaméidi erof ze setzen, méngt de François Bausch.

Virun allem awer: Eppes Wesentleches huet net de François Bausch gesot, mee d’Vertrieder vun den Interessisveräiner vum Cents a Polfermillen/Hamm ouni, dass si awer hir Kritiken vergiess hätten: mat dësem Minister sinn  d’Diren vun der black box op gaang. Elo sinn d’Informatiounen zougänglech (zB iwwer ana.public.lu)an et gëtt matenee geschwat. An deem Sënn soll och zesummen mat de betraffene Leit an de Flugcompagniën eng verbindlech Charta fir de Kaméidi erof ze setzen, ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Mateneen Ziler erreechen. Solidaresch, a gläichem Mooss matgestalten. Mat Zesummenhalt geléngt gutt Liewen. Well mir eist Land, Ëmwelt, Vakanz, exotëscht Uebst an Nuetsrou gären hun.

Présentatioun vum 25 Juni 2018 : hei

Ech hat ee schéinen Summerweekend heiheem um 25. BD Festival zu Contern, an der Péitruss beim LXB Cup am Skateboard an mat der Luma op der Place d’Armes.